
Mëttespanorama
17/12/2025 | 12min
1. Budgetsdebatten: Oppositioun kritiséiert, datt d‘Regierung ze staark um Wuesstumsmodell festhält 2. Méi laang Ouvertureszäiten an de Geschäfter: OGBL an LCGB fuerderen e Moratoire an eng sozial Impakt-Etude 3. Technesch Pann bei LuxTrust nach ëmmer net behuewen, schonn dräi urgent parlamentaresch Ufroen dozou 4. Police confisquéiert 5.000 gefälschte Luxusproduiten a Geschäfter zu Esch an an der Stad 5. Fënnef Joer nom Brexit kënnt Groussbritannien zeréck an den Erasmus-System

Moiespanorama
17/12/2025 | 12min
1. LuxTrust: Pann nach net behuewen, “technesch Stéierung“ wier de Grond, esou LuxTrust 2. Verbrenner-Verbuet: EU-Kommissioun proposéiert och no 2035 nach Autoe mat Verbrenner-Motoren zouzeloossen 3. Budget: Regierung misst nei Zorte vu Recettë fannen, esou d'LSAP Fraktiounscheffin Taina Bofferding am 100,7 Interview 4. Frankräich: Assemblée nationale huet Budget fir d‘Sécurité sociale ugeholl 5. Sydney: Presuméierten Attentäter wéinst Mord vu 15 Mënschen ugeklot

Moiespanorama
17/12/2025 | 12min
1. LuxTrust: Pann nach net behuewen, “technesch Stéierung“ wier de Grond, esou LuxTrust 2. Verbrenner-Verbuet: EU-Kommissioun proposéiert och no 2035 nach Autoe mat Verbrenner-Motoren zouzeloossen 3. Budgetsrapport: Vill Investitiounen trotz méi luesem Wuesstem, esou Budgetsrapporter an der Chamber 4. Frankräich: Assemblée nationale huet Budget fir d‘Sécurité sociale ugeholl 5. USA: Donald Trump annoncéiert Blockad vu sanktionéierte Pëtrolsschëffer a Venezuela

Owespanorama
16/12/2025 | 11min
1. An der Chamber waren haut d‘Budgetsdebatten, den Ufank huet den CSV-Rapporter Maurice Bauer gemaach 2. Nodeems zu Dippech d‘LSAP-DP-Koalitioun op wackelege Bee stoung, wier elo alles mam Koalitiounspartner DP gekläert, verséchert LSAP Buergermeeschtesch 3. Den Direkter vum Stater Conservatoire hält fir déi nächst Rentrée op, no 15 Joer wier et Zäit ee Schlussstréch ze zéien 4. Wéi erwaart proposéiert déi Europäesch Kommissioun eng Ofschwächung vum Verbrenner-Aus bis 2035

Mëttespanorama
16/12/2025 | 10min
1. An der Chamber ass et de Mëtteg den Optakt vun de Budgetsdebatte mat virop dem Rapporter Maurice Bauer 2. Déi Lëtzebuerger Ekonomie huet am drëtten Trimester vun dësem Joer nees zougeluecht, de PIB klëmmt laut Statec ëm 1,1 Prozent par rapport zum Virtrimester 3. Zu Bréissel soll d‘EU-Kommissioun de Mëtteg hir Pläng fir en Aus vum Verbrenner-Aus presentéieren, Kritik kënnt virun allem vun deene Gréngen 4. Dat amerikanescht Militär huet gëschter nees dräi Booter mat presuméierten Drogenhändler an der Karibik zerstéiert, aacht Persoune koumen dobäi ëm d‘Liewen



Panorama