115 episódios
- De Jemp Schuster schwätzt iwwer säin neie Roman "Spawecken"
Mat "Bluttsëffer" huet de Jemp Schuster 2020 säin éischte Roman virgeluecht , deen em net nëmmen de Lëtzebuerger Buchpräis, mä och en enorme Succès bei de Lieser bruecht huet. Och an dem neie Roman "Spawecken" dréint sech nees alles ëm eng Famill, dës Kéier d'Schmaddsfamill aus dem fiktiven Dierfche Schëldref. An natierlech ëm den Ampeljong, deen décken Nëssert deen zënter Jorhonnerten alles matkritt wat a Schmadds geschitt. Säi Geheimnis wäert eréischt 1988 un d'Liicht kommen, wéi den Ampeljong duerch e Blëtz gespléckt gëtt. Wat genee et domat op sech huet, dofir muss ee wäit an d'Vergaangenheet siche goen, bis an d'17.Jorhonnert, an d'Zäit vum Drëssegjärege Krich. Am Interview schwätzt de Jemp Schuster iwwer déi Verännerungen mat deene seng Personnage zu verschiddenen Zäite konfrontéiert sinn, sief et an der zweeter Halschent vum leschte Jorhonnert oder matzendran am Horror vum Drëssegjärege Krich. Et geet awer och ëm d'Lëtzebuerger Sprooch als Handwierksgeschier vum Auteur, den Auteur als Wuert-Schmadd souzesoen. An der Schmëtt kennt sech och dem Jemp Schuster seng Fra, d'Actrice Michèle Turpel, beschtens aus. Si kënnt aus enger Schmadds-Famill an dat war och eng Inspiratioun fir dat eent oder anert Element dat am Roman erëmzefannen ass.
"Spawecken" vum Jemp Schuster ass bei Kremart Edition erauskomm. Vu Katastroph(en) an Happy End(s): De Schrëftsteller Roland Meyer am Interview, 21/06/2026
21/06/2026 | 43minAm Interview schwätzt de Roland Meyer iwwer seng zwee nei Bicher: "Um Horizont" a "Betty- Die Geschichte eines jüdischen Mädchens"
Mat iwwer 400 Säiten ass "Um Horizont" dat déckste Buch dat de Roland Meyer bis elo geschriwwen huet. Am Interview verréit hien, firwat et nach vill méi déck hätt kéinte ginn! Wann an dësem Roman d'Grenzen tëscht Wouerecht a Fantasie verschwammen, dann huet een am Kannerbuch "Betty - Die Geschichte eines jüdischen Mädchens" déi traureg Gewëssheet: esou wéi d'Betty Hirschbein hir Geschicht Jorzéngte méi spéit erzielt, sou ass et tatsächlech geschitt. Kann et no der Katastroph nach en Happy End ginn? Fir d'Betty war dat de Fall, bei de Personnagen aus dem Roman "Um Horizont" ass dat net esou sécher.
Och fir de Verlag Op der Lay, bei dem de Roland Meyer seng Bicher zënter laange Jore verëffentlecht, gëtt et leider keen Happy End. Op den 31.Juli mécht hire Webshop zou, no iwwer 30 Joer an der Lëtzebuerger Verlagslandschaft. Och als Museker a Kabarettist huet de Roland Meyer vill Pläng a Wënsch fir d'Zukunft... geschwënn eng Kéier e Concert zu Esch ze spillen, steet ganz uewen op der Wonschlëscht! Ka säi Wonsch an Erfëllung goen? A wäert e säi Kannerbuchprojet ronderëm dee klengen Här Bellibimbam mat engem neie Verlag verwierkleche kënnen? Op déi Froe gëtt et (nach) keng Äntwert.
"Um Horizont" ass am Verlag Op der Lay erauskomm, "Betty, die Geschichte eines jüdischen Mädchens" ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.- Den Denis Scuto an de Ben Fayot am Interview iwwer d'Buch "Parcours de vie: Les Juifs du Luxembourg et la Shoah" an dee grousse Recherche-Projet dohanner
Wéi en Afloss hat en Hollywood-Film op d'Recherche iwwer d'Shoah zu Lëtzebuerg? Wie war d'Pianistin Dina Grossvogel a wat huet si mat eisem Land verbonnen? A wourop mussen Historiker bei hire Recherchen oppassen? Dat si just e puer vun de Froen déi den Historiker Denis Scuto an den Auteur a fréieren Deputéierte Ben Fayot am Interview beäntweren.
"Parcours de vie: Les Juifs du Luxembourg et la Shoah" ass e Buch dat sech an de Kontext vum Luxembourg Mémorial de la Shoah aschreift, an un dem net manner wéi 20 Auteur(inne) matgeschafft hunn.
Op iwwer 300 Säite suivéiert dëst Wierk jiddesch Familljen an hiert Schicksal an de Krichsjoren. Hannert all Numm verstoppt sech eng Geschicht, déi am Wuert an am Bild erzielt gëtt. Texter, Familljefotoen an Zäitdokumenter beleeën d'Liewe vu Mënschen déi ëmbruecht goufen, an déi awer bis haut Spueren hannerlooss hunn. D'Buch baséiert op enger minutiéiser Recherche, déi ëmmer nach amgaangen ass, an déi dacks och onkamoud Wouerechten un d'Liicht bréngt. E wichtegt Wierk an en Thema dat och haut näischt vu senger Aktualitéit verluer huet. - De Pe'l Schlechter iwwer säin neit Buch "Fabelen vum Jean de la Fontaine, nei verzielt vum Pe'l Schlechter"
De Pe’l Schlechter, bekannt als Auteur, Grafiker an Zeechner, huet sech mat de Fabelen vum Jean de la Fontaine befaasst an der eng ganz Rëtsch op Lëtzebuergesch iwwersat. Mat vill Sensibilitéit an Humor huet en de Protagonisten vun deene kuerze Parabelen aus der Déierewelt eis Sprooch an de Mond geluecht. Déi Fabelen déi de Jean de la Fontaine am 17te Jorhonnert nei entdeckt an zu engem Klassiker vun der franséischer Literatur gemaach huet, hu Wuerzelen déi nach vill méi wäit an der Zäit zeréckreechen. Den Aesop (vun deem een bis haut net weess, ob hien tatsächlech existéiert huet) soll schonn am 7te Jorhonnert viru Christus seng Fabelen opgeschriwwen hunn. An déi sinn haut nach grad esou aktuell wéi virun 2700 Joer!
De Pe’l Schlechter, deen am Abrëll 2026 säin 105.Gebuertsdag feiert, war schonn als Kand faszinéiert vun de Fabelen. Am Interview erzielt hie vu senger Freed un de Sproochen an um Iwwersetzen, hie verréit firwat ee vun den Texter am Buch fir hien eng ganz perséinlech Bedeitung huet an hie stellt sengem Public eng Fro, op déi et just eng eenzeg Äntwert gëtt!
"Jean de la Fontaine- Fabelen - nei verzielt vum Pe'l Schlechter" ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm. - "Déierefabelen" aus der Serie "Allerhand" vum SCRIPT
De literaresche Genre vun der Déierefabel ass iwwer 2000 Joer al. Och an der Lëtzebuerger Literatur spillt en eng wichteg Roll.
D'Elise Schmit kennt een als Autorin vu Kuerzgeschichten an Theaterstécker. An dëser Episod vum Podcast Lecture vun heiheem geet et awer net ëm hir eege Bicher, mä villméi ëm e Recueil vu Fabelen un dem si matgeschafft huet an dee beim SCRIPT, also dem Service de Coordination de Recherche et de l'Innovation Pédagogique et Technologique vum Unterrechtsministère erauskomm ass. De Band "Déierefabelen" schreift sech an d'Serie "Allerhand" an. Dës Serie riicht sech an éischter Linn u Lycées-Schüler, ass awer och fir aner interesséiert Lieser zougänglech. Am Interview erzielt d'Elise Schmit wéi ee Stellewäert besonnesch d'Déierefabelen an der Lëtzebuerger Literatur vum 19. a fréien 20.Jorhonnert hunn a wéi dës Texter d'Geschicht vun eisem Land erëmspigelen.
Mais podcasts de Arte
Podcasts em tendência em Arte
Sobre RTL - Lecture vun heiheem
Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.
Site de podcastOuça RTL - Lecture vun heiheem, Ilustríssima Conversa e muitos outros podcasts de todo o mundo com o aplicativo o radio.net

Obtenha o aplicativo gratuito radio.net
- Guardar rádios e podcasts favoritos
- Transmissão via Wi-Fi ou Bluetooth
- Carplay & Android Audo compatìvel
- E ainda mais funções
Obtenha o aplicativo gratuito radio.net
- Guardar rádios e podcasts favoritos
- Transmissão via Wi-Fi ou Bluetooth
- Carplay & Android Audo compatìvel
- E ainda mais funções


RTL - Lecture vun heiheem
Leia o código,
baixe o aplicativo,
ouça.
baixe o aplicativo,
ouça.
RTL - Lecture vun heiheem: Podcast do grupo




























